INTERN CHARTA VU RENOVATION P. BETTENDORF

Charta vu Sécherheet op der AarbechtsPlaz

SÉCHERHEET=QUALITÉIT=PRODUKTIVITÉIT.

1) Soziaalt Engagement géintiwwer onse Mataarbechter ass eis ganz wichteg, Sécherheet steet bei ons, ganz uewen: et schafft ee fir säi Liewen ze verdéngen an net fir et ze verléieren! DSécherheet net just op der Aarbecht, ma och am PrivatLiewen. Ons Prioritéit ass dGesondheet vun onse Leit.

2) Beloununge solle onst Personal motivéiere fir séch strikt un dSécherheetsVirschrëften ze halen. Verschidde Primmë si virgesinn: 250€ fir e ganzt Joer ouni AarbechtsOnfall, 100€  fir en onfallfräit Joer zousätzlech vum ganze Betrib, 15€ fir all Mount ouni KrankeSchäin. Eng weider Primm fir Leeschtung an Asaz bis max. 1.250€ gëtt zweemol am Joer un all eis Mataarbechter ausbezuelt.

3) Der Saison ugepasste Schong an AarbechtsKleedung stinn onsem Personal zur Verfügong, grad ewéi en onbegrenzte Budget fir SécherheetsMaterial an OnfallVerhiddungsMoossnamen. All Equipe verfügt och iwwert en Handy fir an engem Noutfall Hëllef erbäizeruffen.

4) All Mount gëtt eng Réunioun op portugisesch ofgehale fir Sécherheet ze erklären an domat Onfäll ze verhënneren. Plakaten a PechBiller maachen an onsem Dépôt zousätzlech op dRiskien opmierksam. Ganz wichteg ass et onse Leit klor ze maachen, datt hier Sécherheet an hier Gesondheet ons um Häerz leien.

Fir dSécherheet am Verkéier ze verbessere gëtt eemol de Mount dee ganze FuerPark  vun der Firma technesch ënnert dLupp geholl. Eis Aarbechter ginn och an de FuerSécherheetsZentrum op KolmaBierg geschéckt fir eng besser Beherrschung vun de Gefierer ze garantéieren. A fir dAarbecht maximal ze erliichtere ginn dWueren ausschliisslech maschinell op- an ofgelueden.

5) All ons Aarbechter däerfen Déngschtween benotze fir heem an och nees fir hannescht op de Sëtz vun der Firma ze fueren.

6) D'Direktioun übt keen Drock aus op hier MatAarbechter. Mir leeë grousse Wäert op en ofwiesselungsräichen AarbechtsOflaf.

7) Mir begleeden och Aarbechter déi an eng ScholdeFal getappt sinn. RPB steet deene Leit bei allen administrativen Démarchen zur Säit fir Léisungen zu hiere Problemer ze fannen, an dat och op Portugisesch.

8) Fakultativ, also fräiwëlleg, däerf och Samschdes geschafft ginn. Esou kënne Stonne gesammelt ginn, z.B. fir de SummerCongé ze verlängeren oder Congé baussent dem KollektivCongé unzefroen.

9) Fir dee gudden Zesummenhalt an der Firma organiséiere mer am Laf vum Joer verschidde Fester. E Summerfest mat Spill a Spaass fir déi ganz Famill ass am Juni an de Gebuertsdag vun der Firma gëtt all Joer gefeiert mat enger Sortie vun der Beleegschaft. All fënnef Joer maache mir esouguer eng Rees als Equipe.

10) All Iwwerstonne gi mat 40% Opschlag bezuelt.

11) Mat Fëmmen ophale gëtt zousätzlech mat 0.25€/h belount.

12) Eng zousätzlech OnfallVersécherung am Fall vun Invaliditéit vu +/- 32.000€ an am Stierffall vu 26.000€ ass ofgeschloss fir all MatAarbechter.

13) Gratis FläscheWaasser steet all MatAarbechter zur Verfügong. A wann ausnamsweis emol no 20 Auer muss geschafft ginn, da gëtt zousätzlech eng Moolzecht offréiert.

14) NikloosDag kréien all Kanner vun onse MatAarbechter eng Tiitchen.

Kontakteiert-eis

Rue de Larochette 22a
L-7661 - MEDERNACH - Luxembourg -
info@rbettendorf.lu