Renovation P. Bettendorf
Eis Philosophie...
Vun Ufank un huet de Patrick BETTENDORF grousse Wäert geluecht op eng verantwortlech Politik vun der Firma, laang virdrun ier et aktuell gouf. Ënner anerem also siefen dës fënnef Punkten opgezielt:
- 2004: ËISCHTE PRÄIS "Bien-être des travailleurs" iwwerreecht vun der ITM ( Inspection du Travail et des Mines )
- 2005: Uschloss un d'OffallGestioun SUPERDRECKSKËSCHT FIR BETRIBER
- 2006: Bekennung zur grénger Energie NOVA NATURSTROUM
- 2011: ËISCHTE PRÄIS fir ONFALLVERHIDDUNG iwwerreecht vun der AAA ( Association d'Assurance Accidents )
- 2014: ZouErkennung vum Label SéCHER A GESOND MAT SYSTEM iwwerreecht vun der AAA
Ons Firma gouf also reegelméisseg unerkannt fir hier kontinuierlech Ustrengungen op dëse wichtege Punkten.
D'Qualitéit vun onse Leeschtunge läit eis um Häerz, mir wëllen eng zefridde Kondschaft. Dag fir Dag strenge mir ons u fir d'Qualitéit vun onsen Déngschter nach weider eropzeschrauwen an och dTechnik vum Handwierk duerch eng permanent Upassung un dem Client séng Wënsch a Bedierfnisser ze verbesseren. De Fait, datt ons MatAarbechter fir ons am Zentrum vun engem gudden AarbechtsKlima stinn, soll si motivéiere fir och gutt ze schaffen, an dat am Interessi esouwuel vun onser Kondschaft ewéi vun hierer sécherer AarbechtsPlaz.
Sécherheet a Wuelbefanne vun onse MatAarbechter, Qualitéit an Nohaltegkeet vun onse Leeschtungen; dat sinn déi Wäerter déi fir ons ganz uewe stinn an déi eis bei eiser Aarbecht leede.